A l’occasion de la messe du 6e dimanche de Pâques B - préparée par la CVX dans le cadre de l’Octave à Notre Dame Consolatrice des Affligés - le prédicateur a tissé des liens entre l’évangile et certains éléments de la spiritualité ignatienne.
Les textes du dimanche étaient:
1ère lecture: Actes 10, 25-26. 34-35. 44-48
2e lecture: 1 Jn 4, 7-10
Evangile: Jean 15, 9-17
Léiw Pilgerinnen a Pilger, léiw Frënn vun der CVX Lëtzebuerg !
1. Wa mir un eise Glawen denken, da kënnt eis fir d’éischt an de Sënn, wat mir maachen oder maache missten, eis Flichten an Aufgaben als Chrëschten. D’Evangelium vun haut invitéiert eis awer, en anere Bléck ze kréien : eise Glawen ass fir d’alleréischt e Geschenk, eng intensiv Bezéiung, déi eis geschenkt gëtt, an déi mir gewëssermoossen era gezu ginn. D’Initiativ dozou läit net bei eis, mee beim Herrgott.
Esou wéi de Jesus sech net un éischter Plaz als dee versteht, den dat mécht, wat de Papp him seet, mee den aus der Léift vum Papp erfir gaangen ass, wéi mir et am Credo bekennen, esou sinn och mir aus Léift an d’Liewe geruff ginn, an déi Léift ass d’Fundament vun eiser Existenz. Mir brauchen eis also net fir d’éischt ze beweisen a villes ze leeschte fir virum Herrgott sengen Aen ze bestoen, mee mir si vun Ufank u seng Kanner, déi Hee gären huet, déi ëmmer scho mat engem Virschoss vu Léift beduecht ginn. Dat gëtt eis ganz besonnesch an der Oktav bewosst, wa mir virun d’Tréischterin kommen mat allem, wat eist Leiwen ausmécht.
Genau dat wëllt de Jesus senge Jünger och ze verstoe ginn, wann hie sie seng Frënn nennt. Vun eis aus kënnte mir eis dat nie umoossen, wann et eis net giff zougesot ginn. Esou wéi e vu sech aus en Eleren oder héiger Gestallten net mat « Du » uried, mee waart, datt en et vun him ugebuede kritt. Deen « Du » an déi Frëndschaft bitt de Jesus eis un zu deem Zäitpunkt, wou hie bewosst op säi Leiden zougeht, wou hien eis dat gréissten Zeeche vu senger Léift schenkt : « Et gëtt keng gréisser Léift, wéi wann e säi Liewe fir seng Frënn hirgëtt. »
Dat Geschenk unzehuelen an doraus ze liewen ass vläicht déi Liewensaufgab, déi mir als Chrëschten hunn ! Allze oft fale mir neess zréck an d’Haltung vun Dénger oder Beamten, déi just dat maache, wat sie ugestallt gi sinn oder well sie et ebë maache mussen. De Jesus wëllt eis als seng Frënn, datt mir aus dem Vertrauen eraus an enger enker Bezéiung mat him liewe sou wéi hien aus der Léift vu sengem Papp lieft an handelt.
2. Peut-être vous dites-vous qu’il est trop facile de nous appeler amis de Jésus. N’est-il pas le Fils de Dieu et nous, de simples humains limités et pécheurs ? N’est-ce pas prétentieux que de nous voir comme amis de Jésus, et trop peu respectueux de Dieu ? C’est oublier que l’amitié ne va pas de soi, qu’elle a aussi ses règles, qu’elle exclut certaines manières d’être et en impose d’autres. Ce n’est pas pour rien que l’évangile combine l’amour et l’amitié avec le respect des commandements : « Vous êtes mes amis si vous faites ce que je vous commande. » Si l’amour ou l’amitié restent toujours un don, une grâce, ils demandent à être entretenus et cultivés avec soin si on veut les garder et les faire grandir.
Je vous invite à penser simplement à un ami ou une amie qui vous est très cher. Entre amis, l’un est attentif à l’autre, l’un essaie de comprendre l’autre et de l’accepter tel qu’il est. Il ne peut pas y avoir de domination ou de jeu de séduction dans l’amitié, mais elle est fondée sur la liberté et la vérité. Entre amis, on peut se confier de manière très personnelle, mais cela n’exclut pas de ne pas être d’accord sur tout et d’oser se le dire ! Pour être un bon ami, il faut aussi savoir se retenir pour laisser toute la place à l’autre quand il en a besoin, mais on peut aussi faire appel à l’autre quand on a besoin d’écoute, de conseil ou d’aide. Si Jésus nous appelle ses amis, il ne nous dit donc pas seulement qu’il est là pour nous, mais aussi qu’il veut pouvoir faire appel à nous et compter sur nous. L’amitié n’est donc pas si simple qu’il n’y paraît, elle inclut des exigences, elle est don de soi et accueil de l’autre.
3. Mat senger Frëndschaft bitt de Jesus eis d’Freed un, well wann een aus der Léift, der Dankbarkeet an dem fräie Sech-Hirginn a Beschenkt-Gi lieft, da gëtt e frou a glécklech zesummen. Déi Frëndschaft ass awer kee Selbstzweck, keng Nisch, an déi een sech einfach verkrauche kënnt, mee eis Frëndschaft mam Jesus soll Friichten droen. Sie ass no vir orientéiert, op déi aner Mënschen zou, fir mat hinnen dat Geschenk ze deelen, wat mir kritt hunn. Léift a Frëndschaft mam Jesus sinn also ëmmer och Missioun, déi mir a sengem Numm a mat senger Art a Weis weiderféiere sollen.
Wat heescht dat konkret ? Esou wéi d’Frëndschaft eng Kalitéit vu Bezéiung ass, esou solle mir fir d’éischt aus dem Glawen u Jesus Christus eraus liewen an op alles als gleeweg Mënsche kucken. Näischt, wat geschitt : keng Katastrof, keng politesch oder humanitär Kriis, keng wirtschaftlech oder sozial Entwécklung duerf eis um falsche Fouss erwëschen, mee als Frënn vum Jesus, den sech dovu betreffe léisst. Wéi hätt hie reagéiert ? Wéi kënne mir als seng Frënn reagéieren ? Dat bedeit, datt mir an alle gesellschaftleche Froen als Jünger vum Jesus Stellung huelen a net op emol vergiessen, datt de Jesus z. B. ëmmer oppe war fir Friemer, kee Mënsch diskriminéiert huet, déi Aarm séileg gepriesen a virun de Gefore vum Räichtum gewarnt huet.
Dir gesitt, Frënn vum Jesus ze sinn ass net ganz esou einfach, et gräift maatzen an eist Liewen eran. Mee d’Freed an d’Gléck sinn ëm dee Präiss, a sou munche Som, den ënnert Tréine geplanzt ginn ass, wäert enges Dags wonnerbar Friichten droen. Dat ass eis berechtegt Hoffnung, mat där mir haut virun eis Tréischterin triede kënnen.