Symbolmeditatioun mat enger Schuel (Schësselchen)
Um OASISdag den 14. Juni hu mir mat enger Symbolmeditatioun ugefaangen fir an d’Thema vun der Sehnsucht anzeféieren. Dës Meditatioun kann als Gebietsmoment am Ufank vun enger CVXversammlung déngen.

Material:

Et läit e Choix vun Schësselcher op engem Dësch: grousser, klenger, aus verschidden Matièren (Glas, Parzeläin, Messeng, Holz…), faarweger, duerchsichteger, chicker, einfacher… je: vun allem…

Fir unzefänken invitéieren ech iech, eng Schuel oder eng Coupe um Dësch ze wielen an zeréck op äer Plaz ze kommen.

Impuls (Wahrnehmen) (percevoir, observer, voir, sentir, toucher…)

Ech huelen d’Schuel an d’Hand.
Ech kucken se un.
Ech betaaschten se.
Ech spiren hir Form, hir Temperatur, hiert Gewiicht.
Ech lauschteren vielläicht hire Klang.
Ech huele mer Zäit fir se ze betruechten…
Wat kann di Schuel mat mir ze dinn hunn?

Meng Schuel ass de Moment eidel.
Et ass vielläicht gudd, wann ech se eidel loossen.
Ech huele mer Zäit fir eidel ze ginn, ewéi dëst Gefäss.
Ech probéieren mech fir e Moment fräi ze maachen vun allem wat a mir u Gedanken a Pläng wirbelt;
Ech maache mech fräi vun deem wat mech bewegt a beschäftegt.
Ech ginn ganz eidel…

Froën fir d’Reflexioun:

Jidderee vun iech kann elo fir sech (an der Stëllt) iwwerleeën:
 Firwat hunn ech grad dës Schuel gewielt?
 Wat gefällt mir drun? Oder: wat stéiert mech vielläicht drun?
 Wat verbannen ech mat däer Schuel?
 U wat erënnert se mech? U Schéines? U Schwéieres?
 Géif ech se gär mat eppes fëllen oder fëlle loossen? Woumatt?

Invitatioun zum Austausch a Murmelgruppen (fakultativ)

Elo invitéieren ech iech, zu 3 an 3 e klenge Krees ze bilden fir iech kuerz auszetauschen iwwert dat, wat iech vu Gedanken komm ass. Mir ginn eis 3-5 Minuten Zäit.

Mini-Symbolmeditatioun: Gebiet

Di Schuel kann e Symbol fir jidderee selwer sinn. Also kënne mer eis folgend Froë stellen:

a) Wat gefällt mir u mir? U mengem Liewen? Un deem, wat ech sinn?
Ech kann dem Härgott dofir MERCI soen.

b) Wat vermëssen ech u mir? Oder wat vermëssen ech a mir?
Ech kann den Härgott DOREMS BIEDEN, datt hien mir et schenkt.

c) Wat belaascht mech?
Ech kann dem Härgott dat UVERTRAUEN.

 Ech ka probéieren fir mech ze formuléieren, waat mäin déifste Wonsch ass… an dem Härgott et soën.
 Ech bilden eng Schuel mat mengen Hänn an halen se Gott hin. Ech soën zu him: „Hei ass di eidel Schuel vu menger Sehnsucht“. Ech nenne meng Sehnsüchten. Ech biede Gott, d’Schuel ze fëllen.

zum Schluss : Gemeinsamt Gebiet: Herr, wie eine Schale möcht´ ich sein

Herr, wie eine Schale möcht´ ich sein:
Einfach da vor dir!
Ob gross oder klein,
reichlich verziert oder ganz schlicht:
vor dir darf ich sein, wie ich bin.

Herr, wie eine Schale möcht´ ich sein:
offen zum Nehmen,
offen zum Geben;
offen zum Empfangen,
offen zum Weiterreichen.

Herr, wie eine Schale möcht´ ich sein – für dich!
aus der du etwas nimmst,
in die du etwas hineinlegen kannst.

Herr, wie eine Schale möcht´ ich sein – für meine Mitmenschen:
Offen für das Liebe, für das Schöne
das sie mir schenken wollen;
offen für ihre Sorgen und ihre Nöte,
offen für ihre traurigen Augen und für die ängstlichen Blicke,
die von mir etwas fordern.

Herr, wie eine Schale möcht´ ich sein. – Herr, mache mich zu einer Schale!

(nach dem „Gebet der Töpfer aus Taizé“, von Edith Schuller)

Fräi Propositioun :

Et kann een an der Stëllt op senger Plaz bleiwen, an der eegener Sehnsucht nogoën…
Oder: op eng aner Plaz goën (Kapell, dobaussen?) a lues widderhuelen: „Här, ech wëll sinn ewéi eng Schuel… Fëll mech mat denger Präsenz…“

Edith Schuller, Mee 2023
Fotoën: Edith Schuller

Edith SCHULLER
16. Juli 2023
Vum selwechten Auteur: