Duerch hir Erfarung um Terrain, a virun allem duerch den Austausch mat de freiwellege Matarbechter, ginn dës Organisatiounen regelméisseg mat schwierege Situatiounen konfrontéiert, déi entstinn, well e klore legale Kader feelt, politesch Entscheedungen oder administrative Verfahren der Saach net gerecht ginn.
Hei sinn am Resumé déi 8 Punkten, déi een um Site www.reech-eng-hand.lu kann noliesen (oder am pdf hei drënner).
1. Eng eenzeg Immigratiouns-Verwaltung déi kompetent ass fir d’Prozeduren, den Accueil an d’Integratioun, wou jiddereen, deen nei ukomm ass enger Referenz-Persoun zougedeelt gëtt (Guichet unique).
2. Elektronesch liesbar Karten fir d’Flüchtlingen (Demandeurs de protection internationale/DPI), sollen déi rosa Identitéits-Formulairen an all déi Bongen, déi net méi zäitgeméiss sinn, duerch méi en effikassen System ersetzen.
3. Folgenden Hébergement’s System, deen differenzéiert tëschent:
– dem éischten Accueil vun den DPI, dee vu staatlecher Seit assuréiert gëtt,
– während der Zäit wou d‘Asyl-Prozedur leeft, a Foyeren mat net méi wi 100 Leit, déi vun agreéiert Associatiounen geréiert ginn, nom Prinzip vun der Subsidiaritéit.
– während der Zäit vun der Integratioun fir d’Flüchlingen déi unerkannt goufen, an dezentraliséierte Wunnengen, déi vun de Gemengen, mat Hëllef vun den Associatiounen, geréiert ginn.
4. D’Förderung vun der Integratioun soll, zousätzlech zu de Sproochecoursen, verstäerkt ginn duerch Formatiounen déi et erlaben, de Flüchtlingen hir Kompetenzen un d’Exigenzen vun eisem Aarbechtsmaart unzepassen.
5. E verbesserte Kader schafen fir den Empfank vu Mannerjähreger, déi eleng ënnerwee sinn.
6. Eng Erweiderung vun de legalen Méiglechkeeten fir an d’Land kënnen anzereesen, an domadder de Mënscheschmuggel bekämpfen an illegal Areesen reduzéieren.
7. Den Zougang zur Nationalitéit fir eeler Flüchtlingen vereinfachen.
8. Eng Regularisatioun vu Fall zu Fall a Situatiounen, wou Flüchtlingen scho méi laang bei eis liewen, fir Situatiounen vun Illegalitéit oder prekär Situatiounen vu Persounen, déi een net kann zréckschécken, en Enn ze setzen,
Kontaktpersounen:
Marie-Christine Ries, tel. 621 161 837
Agnes Rausch, tel 621 358 168
Vincent Klein sj, tel. 621 517 234
Verbesserungsvirschléi un d’politesch Parteien