« Vun eise Wuerzelen un d’Grenzen »
Topo fir d’Journée des équipes 2012

Le père Josy Birsens s.j. a introduit la Journée des équipes du 18 novembre 2012 par un topo sur le thème de l’Assemblée mondiale 2013 “De nos racines aux frontières” en se basant sur le “Projets 153” de la communauté mondiale Projets 153. Il a évoqué les 4 niveaux de mission de la CVX comme corps apostolique. Chaque personne est invitée à répondre à son appel personnel, à un moment particulier de sa vie et à sa manière.
1. La vie quotidienne
2. Les missions apostoiques
3. Les oeuvres apostoliques
4. La coopération internationale
Les membres présents ont pu partager en petits groupes sur leur expérience par rapport à ces 4 niveaux.

voir aussi Homélie de la Journée des équipes 2012

Bei menger läschter Retraite zu La Pairelle hat ech d’Zäit an d’Geleënheet, mir d’Beem am Park unzekucken. Fir d’éischt ass ee jo ëmmer vun der Héicht vun de Beem beandrockt ; vu mengem Zëmmer um 3. Stack aus hat ech eng direkt Vue op d’Spëtzten vun de Beem. Et war schéin, ze kucken, wéi säit dem läschte Fréijoer d’Äscht nees nei ausgeschloen a nei Sprosse gewuess sin. Et kritt een den Androck, wéi wann d’Beem bis an d’Onendlecht an d’Héicht kënnte wuessen ! Beim Spadséieren am Park ass mir dunn opgefall, wéi déck d’Wuerzelen vun dene Beem sin : verschiddener hiewen de Macadam vun de Weeër op, sou staark sin sie ! E Bam wiisst also net nëmmen an d’Héicht, an de Spëtzten an den Äscht, mee och an d’Déift, a senge Wuerzelen. Dat ass zwar oft onsichtbar, mee absolut noutwendeg fir de Bam, dee soss seng Stabilitéit verléieren a méi liicht ëmfale kéint.

Domat si mir scho bei eisem Thema vum CVX-Welttreffen 2013 : « Vun de Wuerzelen un d’Grenzen ». Hei ass déi selwecht Dualitéit a Spannung präsent wéi bei de Beem : weder d’Wuerzelen eleng (eis Spiritualitéit, Gruppeliewen, asw.), nach d’Spëtzte vun den Äscht eleng (eisen Engagement bis un d’Grenze vun der Kiirch) kënnen de Bam harmonesch wuesse loossen, méi nëmme béit mateneen an engem gudden Equiliber !

Den Ausdrock vun de « Grenzen » geht op de P. Adolfo Nicolas zréck, de Generaloberen vun de Jesuiten an och den accompagnateur vun der Welt-CVX. Kuerz no senger Wahl huet hien an enger Priedegt dervu geschwat, wéi néideg et ass, nei Grenzen opzesichen fir d’Evangelium ze verkënnegen ; dës Grenze ware fréier geographesch, wann d’Missionairen an d’ganz Welt gezu sin, haut sin sie éischter sozialer oder reliéiser Natur : et geht ëm ganz Gruppe vu Mënschen, déi lénks leie gelooss an un de Rand vun eise „chrëschtleche“ Gesellschafte gedréckt gin, an un déi d’Frou Botschaft kaum eru kënnt. De Poopst Benedikt XVI. huet kuerz drop bestätegt, datt et d’Aufgab vun de Jesuiten – a sécher vun der ganzer ignatianischer Famill - ass, sech an dene Grenzberäicher ze engagéieren, wou et aner Chrëschten net esou séier hin zitt, z. B. bei Asylanten, Flüchtlingen, an Aarmevéierel.

Et kann een déi ganz CVX also mat engem Bam vergläichen. Wat fir e Bam d’Blieder a Friichte sin, dat ass fir d’CVX d’Missioun, d’apostolescht Engagement : « nos nombreuses communautés locales et la CVX mondiale sont essentiellement apostoliques » (Projet 153, S. 3). Hir Eenheet fënnt d’CVX als « Kierper » awer bei hire Wuerzelen, dem ignatianesche Charisma, den eis all eent, egal wéi verschidden eis Engagementer sin. D’Eenheet vun de Wuerzelen hir heescht also, datt mir eent kënne sin ouni all dat selwecht Engagement mussen ze hun. Wéi kann een da vun enger gemeinsamer Missioun schwätzen ? Dat geschitt duerch de Partage an de Gruppen, wou een dem aneren vu sengem Engagement matdeelt, wou jiddereen also un der Missioun vun denen aneren Deel hëllt, sie ënnerstëtzt, hannerfreet (évaluléiert) a matdréit, an der ganzer Dynamik vum DESE (Discerner, Envoyer, Soutenir, Evaluer).
De Liewensstand vu gedeeftene Chrëschten (« Laien ») bestëmmt eis 1. Missioun als CVX : d’Aufgabe vum deegleche Liewen, an der Famill, op der Aarbecht an am Beruff, an de mënschleche Bezéiungen, an déi den Herrgott eis gestallt huet. Do versiche mir, Gott ze begéinen a seng Präsenz opzeweisen. Hei kann een un den Optrag vum 2. Vatikanum erënneren, datt d’Laien d’Gesellschaft duerchwierke sollen wéi de Sauerteig am Deeg ; fréier hätt een och dervu geschwat, den « Alldag ze hellegen ». Dozou komme natierlech aner Missiounen, un dene mir als Membere vun der CVX individuell oder kollektiv kënnen Deel huelen.

Als « corps apostolique laïc » übt d’CVX hir Missioun op 4 verschiddene Niveau’en aus :

1. D’deeglecht Liewen : Gott an den deeglechen Aktivitéiten an Aufgabe begéinen an offenbaren. Et ass wichteg, dës « onsichtbar Missioun » net ze ënnerschätzen oder ze vergiessen, och wa sie manner zur Visibilitéit vun der CVX bäidréit !

2. D’apostolesch Missiounen : verschidden Engagementer an Servicer am sozialen, pastoralen, erzéiereschen oder oekologesche Secteur ; laut dem « Projet 153 » wiren 1/3 vun den CVXler esou engagéiert uechter d’Welt.

3. Apostolesch Wierker : a verschiddene Länner leed d’CVX selwer Schoulen, Retraitenheiser, sozial Zentren fir Flüchtlingen, Waisenheemer, asw. Oft geschitt dat an Zesummenaarbecht mat aneren, besonnesch mat de Jesuiten. Dës Wierker gin der CVX méi eng grouss Visibilitéit an der Kierch an der Gesellschaft, a sie stäerken de Sënn vun der gemeinsamer Missioun.

4. Déi international Kooperatioun : haaptsächlech « advocacy » op regionaler a Welt-Ebene, wéi en Aarbechtsgrupp bei der UNO zu New York, wou d’CVX als ONG präsent ass, wéi regional Réseau’en an Europa a Latäinamerika zur Migratioun, oder d’Participatioun um Weltsozialforum an an engem Forum vu kathouleschen ONG’en.

All eenzelne Member vun der CVX ass also invitéiert, op säi perséinlechen Uruff zu dësem bestëmmten Zäitpunkt an op seng eege Manéier ze äntwerten. Sou ka jiddereen sech froen :

1. Wéi sichen ech, Gott ze begéinen a seng Präsenz an den Aktivitéite vum Alldag opzeweisen ?

2. Wéi sin déi 4 Niveau’en vun der CVX-Missioun (deeglecht Liewen, apostolesch Missioun, apostolesch Wierker an international Kooperatioun) a mengem perséinleche Liewen, am Liewe vu mengem Grupp an an eiser nationaler Gemeinschaft präsent ?

(cf. « Projets », N° 153 (Juli 2012) vun der Welt-CVX Projets 153)

29. November 2012