Références des lectures : Amos 2, 6-11 et Jean 15, 9-17
1. En entendant le discours accusateur et enragé du prophète Amos, j’ai envie de m’écrier : « Mais toutes ces injustices sont encore bien présentes aujourd’hui ! » Rappelez-vous la manifestation en partie violente devant le siège d’une des grandes entreprises de notre pays, alors qu’à l’intérieur, bien en sécurité, les dirigeants décidaient de verser une belle dividende aux actionnaires, alors même que des centaines de ses ouvriers sont promis au chômage !
Voyez la politique de tant de gouvernements occidentaux plus prompts à faire payer tout le monde par une hausse généralisée des impôts plutôt que d’obliger à plus de solidarité ceux qui possèdent davantage ! Voyez encore la dureté de nos sociétés envers les ressortissants de pays pauvres, dureté acceptée par la majorité silencieuse, même si certains de ces demandeurs d’asile travaillent au noir pour nous ! Sans parler du commerce honteux des êtres humains liés à la prostitution... Se pourrait-il que rien n’ait changé depuis le temps d’Amos ?
Si le prophète Amos vivait aujourd’hui, je suis persuadé qu’il monterait encore au créneau pour faire entendre sa rage et son dépit, au nom de Dieu, à Luxembourg, Paris, Londres ou Berlin ! Non, la solidarité n’a pas bonne presse aujourd’hui, particulièrement en temps de crise. Chacun est plutôt tenté de défendre ses propres intérêts et acquis : fortune personnelle, bien-être et sécurité, privilèges sociaux, pouvoir d’achat des pays riches, etc.
2. An där Krise-Situatioun, déi mir duerchmaachen, schéngt dann en Evangelium wéi dat vun haut Kilometere wäit ewech vun der Realitéit ! Wa mir an deem Sënn bei der grousser Manifestatioun gëschter geschwat hätten, wire mir als onrealistesch Dreemer belächelt an ausgepaff ginn ! Mee hu mir och richteg gelauschtert a matkritt, wat eis do grad vum Jesus gesot ginn ass ?
– « Esou wéi de Papp mech gär huet, esou hunn och ech iech gär » an « dir sidd meng Frënn ». Déi Zouso héiere mir nie oft genuch a kréie si nie déif genuch mat, net nëmme mam Kapp ! Si bedeit, datt mir keng Angscht ëm eis selwer a fir eis Zukunft brauchen ze hunn, well eis Nimm nach ëmmer am Herrgott seng Hand ageschriwwe sinn. Mir duerfe mat eisen aktuelle Schwieregkeete weiderhin op Gott zielen wéi d’Generatioune virun eis, déi an d’Oktav gepilgert sinn fir Trouscht ze fannen. Och eis Welt läit dem Herrgott um Häerz, ëmsou méi wéi säi Jong eis gär huet a mir eis seng Frënn duerfe nennen.
– Dem Jesus seng Haltung weist eis de Wee : amplaz op sech selwer fixéiert ze sinn, sou wéi mir an eiser Krise-Situatioun, ass hien ganz op säi Papp ausgeriicht an doduerch op all déi aner Mënschen, well d’Léift vum Papp a fir de Papp hien ganz erfëllt : « Bleift a menger Léift esou wéi ech a mengem Papp senger Léift bleiwen ! » D’Erfahrung vun der ignatianischer Spiritualitéit kann eis befreien zu där Léift a Solidaritéit fir all Mënschen am Numm vu Gott, well mir selwer erfueren, wéi gebuerge mir a Gottes Hand sinn a well mir d’Suerg vum Herrgott fir all Mënschen, besonnesch déi méi Aarm, matkréien. Esou wéi den hl. Ignatius duerch d’Erfahrung vun der perséinlecher Zouwendung vum Herrgott lass loosse konnt vun all Geltungsdrang a Leeschtungsdrock fir nëmme nach dem aarme Jesus no ze goen op sengem Wee vun der Léift zu alle Mënschen. Wa mir als Chrëschten an als ignatianesch Famill dëse Wee kéinte nogoen duerch een einfache Liewensstil an eng Relativéierung vun der allgemenger Konsumhaltung, da wir schonn ee konkrete Schrëtt a Richtung vu méi Solidaritéit gemaach !
– Konkret liewe mir dës Léift a bleiwen dem Jesus seng Frënn, wa mir d’Geboter anhalen, seet d’Evangelium, dat heescht, wa mir aktiv ginn an handelen. D’Léift besteht nämlech net haaptsächlech a schéine Gefiller, déi een empfënnt, oder a schéine Wierder a Virsätz, mee ganz konkret an där Art a Weis, wéi een sech behëllt an uleet am Ëmgang mat denen aneren. D’Geboter ginn demno zu engem Gradmiesser fir eis reell Léift zu Gott an zu de Mënschen. Wat bedeit dat konkret a punkto Solidaritéit ?
3. Huele mir z. B. dat siewent Gebot : « Du solls net stielen ». Op d’Wirtschaft bezunn kann een dat an deem Sënn verstoen, datt all d’Aarbechter uechter d’Welt e gerechte Loun bezuelt kréie fir hir Aarbecht, soss kënnt dat engem Vol gläich duerch d’Patronat an d’Aktionären ! Et kann een et och esou ausleeën, datt d’Matière premièren an all Produkter aus der 3. Welt gerecht bezuelt musse ginn, soss beräichere mir eis an de wuelhabende Länner op dem Réck vun den Äermsten ! Wann an deem Sënn d’Solidaritéit an d’Gemengwuel méi eng wichteg Plaz anhuelen wéi de Profit, de Besëtz an d’materiell Sëcherheet vun enger Minoritéit, da liewe mir wierklech nom Haaptgebot, een den anere gär ze hunn. Dat bedeit allerdengs eng Ëmkéier vun dene Wäerter, déi normalerweis an eiser Gesellschaft uewe stinn, an e Wiessel vun eisem Liewensstil !
De Jesus géif nach méi wäit goen, an dat betrëfft eis eenzeln an eisem deegliche Liewen : mir sollte fräi ginn vun där Gloscht, ëmmer méi ze hunn an eist Vertrauen an de materielle Besëtz ze leeën. Wa mir an eisem Häerz lass loosse léieren an alles als Mëttel zum Zweck ugesinn, fir Gott ze éieren an eise Nächsten am Sënn vum Jesus gär ze hunn, da liewe mir wierklech no de Geboter a bleiwen an der Léift vum Jesus, dee sech ganz fir eis hirginn huet. Wann d’Grondléift vum Jesus a säi Ruff un eis (« Net dir huet mech erwielt, mee ech iech ») méi lieweg an eisen Häerzer ginn, da kënne mir méi aktiv d’Solidaritéit mat alle Mënschen ëmsetzen. Gedroe vun der Erfahrung vu Gottes Léift, ginn mir esou derzou befreit a fäheg, selwer gär ze hunn.
Demandons par l’intercession de la Vierge Marie de retrouver les chemins de la consolation et du bonheur véritable, personnellement et en communauté d’Eglise. Que nous sachions approfondir l’amour fidèle de Dieu pour chacun de nous et entrer davantage dans cette dynamique du don et du partage. Que Dieu nous libère de nos craintes pour l’avenir pour aimer en actes et en vérité, dans une solidarité apprise et pratiquée au jour le jour, grâce à ce temps de crise !